Leit mat Brëll kennen et a si genervt dovun: De Brëll deen uleeft egal ob beim Droe vun enger Mask, oder wann een am Wanter an en zouene Raum rageet

Lauschtert eran!

De Grond firwat de Brëll beschleit ass den Temperaturënnerscheed tëscht baussen a bannen, respektiv Schold ass och d'Loft beim Otmen. Réicht wann de Brëll d'Temperatur vun der Emgéigend ugeholl huet, geseit e rem eppes.

Fir dëse Phenomen ze verhënnere misst een also op Hëtzt zréckgräifen. Eng extern Energiequell um Brëll géif awer optesch wuel net wierklech gutt ausgesinn, an de Brëll géif méi schwéier ginn.

E Fuerscherteam vun der ETH Zürech hunn elo awer eng Léisung fir de Problem entwéckelt. Eng hauchdënn transparent Beschichtung fir op d'Glieser. Dës besteet aus Gold an Titanoxid. D'Fuerscher erklären datt déi Schicht e groussen Deel vun der Infraroutstralung vun de Sonnestralen ophëlt an sech doduerch ophëtzt, dat souguer em bis zu 8 Grad. Hei schwätzt een dann och vum photothermischem Effekt. Dat kéint d'Beschloe vum Brëll da véier mol méi effizient verhënneren. Spray an aner Mëttel kënnen am Verglach net iwwerzeegen. Zum enge sinn se net esou effikass, an och nëmmen zäitlech begrenzt.

Vue dass dës Schicht duerchsichteg ass funktionéiert se och bei Gleitsichtbrëller a kéint bei Autofënsteren zum Asaz kommen. Dës funktionéiere jo änlech, just dass d'Ophëtzen net passiv geschitt mee mat Hëllef vu Stroum.

Och wann déi Nano-Gold-Beschichtung op Basis vun Infraroutstralung funktionéiert, huet een d'Resultat och an zouene Raim a bei bedecktem Himmel festgestallt.

Wéini déi Beschichtung op de Maart kënnt ass nach net gewosst. D'Patent gouf awer ugemellt.

Och soll des 10 Nanometer dënn Schicht net wierklech deier sinn, well de Goldundeel an dëser extrem geréng ass.