Nieft der Schwäiz, Belsch, Holland a Liechtenstein profitéiert Lëtzebuerg och vum Update a vum méi schéine Street View vun Apple Maps.

Lauschtert eran!

Apple huet a vereenzelte Länner, dorënner och Lëtzebuerg säin Design adaptéiert an nei Features integréiert. Hei fënnt e lo zum Beispill e "Look Around". Dësen ass vergläichbar mam "Google Street View".

De Look Around ass näischt komplett Neies. An den USA kennt een de Feature schonn zanter 2019. Hei huet een sech awer nach misse gedëllegen. Elo sinn d'Apple-Autoen awer och duerch de Grand-Duché gefuer. An dëst huet sech definitiv gelount. De "Look Around" stellt de Feature vu Google nämlech an de Schied. Qualitativ sinn d'Biller vun Apple nämlech besser, an och d'Iwwergäng méi geschmeideg wann e sech virtuell duerch d'Stroosse vu Lëtzebuerg beweegt.

Et huet een awer och vum Update profitéiert fir d'Weebeschreiwunge bei der Navigatioun ze verbesseren, an d'Stëmm déi e guidéiert klengt elo méi natierlech. Et kann e sech elo och viru Radare warne loossen a via Siri-Sproochbefeel Trafic Infos mellen an esou anerer User warnen.

E weideren Update sinn d'3D-Attraktiounen. Hei kann e bestëmmte Monumenter virtuell entdecken.

De neien Apple Maps soll dann elo och no an no an den aneren europäesche Länner released ginn.

Den Apple Maps wäert sech automatesch updatë wann een dëst esou op senge Geräter agestallt huet, an ass awer am Verglach zu Google Maps net iwwert e Browser disponibel mee just iwwert d'Apple-Geräter.