Den James-Webb-Weltraumteleskop liwwert zanter dem Summer faszinant Biller aus dem All.

Lauschtert eran!

De Fachmagasinn "Science" huet de gréisste wëssenschaftlech Duerchbréch vum Joer 2022 gekréint. Gewonnen huet eng technesch Erfindung nämlech den James-Webb-Weltraumteleskop.

Den Teleskop huet 10 Milliarden US-Dollar kascht. Et ass e Projet deen et schonn zanter 1996 gëtt an un deem Weltraumagenturen "Nasa" aus den USA, "Esa" aus Europa an "CSA" aus Kanada zesummeschaffen.

Den James-Webb-Weltraumteleskop ass um 25 Dezember 2021 gestart an déi éischt Biller goufen dem Public den 11. an 12. Juli 2022 präsentéiert. Deemools hat de Chef vun der Nasa Bill Nelson gesot datt dat Biller sinn op déi vill Leit ganz laang gewaart haten. All Bild vum "James-Webb"-Weltraumteleskop géif eng Entdeckung duerstellen. Et géif der Mënschheet erlaben e Bléck op d’Universum ze kréien deen et bis ewell nach net gouf.

D'Fuerscher wëlle mam Superteleskop Regiounen erkënnegen déi hannert de Stëbswolleke verstoppt sinn. Och wëll een domat e Bléck zréck an den All kuerz no dem Urknall vu virun 13,8 Milliarde Jore werfen.

D'Missiounsdauer gouf mol op 5 Joer festgeluecht. Et ass awer warscheinlech dass dës verlängert gëtt. Ëmmerhin ass de Superteleskop DEN Duerchbroch vum Joer 2022.