Vum 05. bis den 08. Januar kënnt d'global Elitt aus der Technik Branche zesummen op der CES zu Las Vegas mat iwwer 3100 Aussteller.

Lauschtert eran!

Et gi sech de Weekend ronn 100.000 Leit op der Technologiefoire CES erwart matten an der Wüstestad Las Vegas!

D'Foire erstreckt sech iwwer 186.000m2.

2021 huet een missen op d'Event wéinst der Pandemie verzichten. D'läscht Joer huet CES awer nees Visiteuren empfaangen, allerdéngs war den Andrang weinst den opkommenden Omikron-Varianten geréng an esou waren nëmmen 40.000 Leit sech d'technesch Innovatiounen ukucken komm. Am Verglach: 2020 waren et 171.000 Visiteuren.

Dëst Joer soll d'Autosindustrie op der CES eng grouss Roll spillen. Ënnert anerem wäerten d'CEO's vu BMW a Stellantis Keynote-Präsentatiounen halen. D'Autoshiersteller notzen des Foire fir nei technesch Annoncen ze maachen. Dëst Joer wäerten Themen "autonoomt fueren", a "schnell Opluedprozedure bei Elektroautoen" dominéieren.

Cool Gadgeten déi sech erwaart gi sinn zum Beispill: Iwwersetzung per Ouerestëpp, mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz. Esou versprécht Timekettle geschwate Wierder direkt ze iwwersetzen datt e simultaant Gespréich an 2 Sprooche méiglech ass.

Och Luxusproduite wäert een entdecke kënne wéi d'schwiewent Motorboot vu Candela oder d'Ënnerwaasser-Roboter vun Aiper déi zum Beispill eegestänneg Pools a Schwämme propper halen.

Natierlech fënnt een do och all d'Hiersteller fir Konsumentenelektronik: Samsung, LG a Sony mat Tëleeën; Qualcomm an AMD mat Prozessoren a ganz vill anerer.

Fun Fact: Apple d'wäertvollst Technologie-Entreprise ass net op der CES present. Dëst well Apple selwer well d'Kontroll iwwert hier Produitsvirstellungen hunn an dëst exklusiv iwwer hier Apple-Keynotes maachen.

Hei fënnt e weider Infos zu der CES.