Vum 05. bis den 08. Januar war déi weltwäite Gréissten Technik Foire. Hei goufen an der Wüüstestad Las Vegas vill technesch Innovatioune virgestallt.

Lauschtert eran!

En Highlight war sécherlech den neien Auto vu BMW: i Vision Dee!

Déi elektresch Mëttelklasslimousin huet eng Verkleedung aus spezielle Panelen déi zu all Moment d'Faarf wiessele kënnen. BMW vermaart den Auto selwer als éischten "faarfwiesselnden" Auto vun der Welt.

Dee aus dem Numm i Vision Dee steet fir "Digital Emotional Experience". Et kann een tëscht 32 verschiddene Faarwe wiesselen, a mat Hëllef vun den 240 Panelsegmenter kann een dës och jee no Loscht kombinéieren.

Domat ass déi Technik méi ausgeräift wéi nach de Modell vum leschte Joer bei deem e just tëscht Wäiss, Schwaarz a Gro wiessele konnt.

Technologie gräift op Folie aus elektroneschem Pabeier zréck déi vun der Firma "E Ink" hiergestallt gëtt. Dës produzéieren och Displaye fir E-Reader a Smartphones. Dës Beschichtung enthält Millioune vu winzege Mikrokapsele mat verschiddene Faarfpigmenter, déi mat Hëllef vu Stroum d'Faarf ännere kënnen. Dës Technik ass awer extrem Stroumspuerend esou dass d'Ännere vun der Baussefaarf d'Batterie net belaascht.
Och am Auto kritt ee futuristesch Vibes, well nieft dem Head-Up-Display, digitalen Armaturebret iwwert déi ganz Breed vun der Glace gëtt et och en Mixed-Reality-Slider.

En aner Eye-Catcher op der CES Foire war d'Kannerkutsch mam Numm "Ella" vun dem kanadesche Startup Gluxkind.

D'Kannerkutsch huet net just 2 Motore fir méi einfach biergop spadséieren ze goen, an eng automatesch Bremsënnerstëtzung fir biergof, mee et sinn och Sensore verbaut déi d'Ëmfeld erkenne wéi Träppleken oder Trottoiren.

D'Kannerkutsch ka souguer selwer fueren, awer just wa kee Kand an der Kutsch leit. Dëst ass méiglech mat Hëllef vu Kameraen.

Wien Loscht op e bësse Luxus huet kann d'Ella fir 3.300 Euro virbestellen. Am Abrëll begéine mer da villäicht déi éischt Kutschen dann am Park!