Wärend Apple d'Produktioun vun hiren iPods agestallt huet, well Sony elo hier Positioun anhuelen.

Lauschtert eran!

Och wann e mengt, datt de Smartphone aner Geräter wéi Walkmans a Co ofgeléist huet, ginn et awer nach Firmen déi un dësem Produit festhalen. Esou och Sony, de japaneschen Elektronikkonzern, deen elo 2 nei Walkmanë virgestallt huet: den NW-A306 an den NW-ZX707!

Déi nei Walkmanë erënnere bëssen un d'Smartphone vu Sony wéi de W810i. Natierlech kommen an déi nei Modeller vu Sony keng Kassette méi, mee et handelt sech éischter em en MP3-Player mat engem Android 12 Betribssystem.

D'Fro ob een 2023 nach e portabele Museksplayer brauch ass berechtegt, wann e bedenkt datt all Samrtphone och Musek ofspille kann. Den Ënnerscheed zu de meeschte Smartphonë sinn awer d'Knäppercher. Et kann een de Walkman also och an der Täsch bedéngen ouni mussen drop ze kucken.  Virun allem awer d'Funktioune riichte sech un usprochsvoll Musekslauschterer an Hifi-Fans.

Esou sollen d'Lidder zum Beispill méi dynamesch um Walkman klénge wéi se et a Wierklechkeet an der platt-kompriméierter MP-3 Datei sinn. Grond dofir ass eng kënschtlech Intelligenz déi d'Lidder erop rechent a klanglech verbessert.

Seng Songs kann een entweder streamen, dëst awer just via Wlan an net via mobillen Internet, oder um Gerät selwer späicheren. Och kann een de Späicher dank SD-Kaart erweideren.

De klenge Modell huet dann 32 GB Späicher, en Display vun 3,9 Zoll, Mini-Jack-Uschloss resp. Bluetooth fir d'Kopfhörer, 36 Stonnen Akkulafzäit a soll 399 Euro kaschten.

De grousse Modell huet en Display vu 5 Zoll, 64 GB Späicher, esouwuel Mini-Jack wéi och Jack-Uschloss. D'Akkulafzäit hält hei awer just 23 Stonnen. Mat 1,7cm ass de Walkman och relativ deck a kascht 750 Euro.

Fun Fact: 2017 hat Sony schonn eng kéier e Walkman a Gold virgestallt, dee krut ee fir bescheiden 3300 Euro.