Volkswagen Norwegen huet en elektresche Bürosstull entwéckelt fir hier Van-Modeller ze promoten.

Lauschtert eran!

D'Iddi hannert dem elektresche Bürosstull ass entstane fir Bürosaarbechter ze weise wéi et ass an engem Transporter vu VW Nutzfahrzeuge ze schaffen an dësen als Aarbechtsplaz ze hunn.

A fir datt een dat Gefill och esou authentesch wéi méiglech eriwwer bréngt, huet een einfach op lauter Deeler vum Transporter zréck gegraff.

Um Sëtz ass e gestéckte VW-Logo, e gëtt elektresch behëtzt an an der Aremleen ass en Touchscreen iwwert deen een all d'Funktioune steiere kann.

Fir datt een elegant duerch de Büro fuere kann ass en klengen Elektromotor agebaut, deen déi hënnescht Rieder undreift. Och gëtt et eng Rückfahrkamera an en 360-Grad-Sensor fir datt een um Wee fir bei Chef och keen iwwersäit. Bei schlechten Traficsbedingungen am Büro kann een och d'LED-Beliichtung umaachen, d'Winker, oder wann et mol ganz brenzeleg gëtt, da kann een och tuten. D'Eldoradio Trafic Infos kann een sech dann  iwwer Lautsprecher am Sëtz ulauschteren, déi vun engem Mediaplayer gesteiert ginn.

Wann e mol mat wichtege Pabeieren um Tour ass da kann een déi an e speziellt Handschuhfach verstauen. A wann e fir de ganze Büro muss Kaffi siche goen, da kann een des einfach an den Unhänger leeën. De Bürosstull kënnt natierlech mat enger Unhängerkupplung.

D'Batterie huet eng Capacitéit vun 12 km.

Wien elo schonn de Chef iwwerriede wollt fir méi an der Paie ze kréie, fir an en neie Bürosstull ze investéieren, dee gëtt enttäuscht. De Bürosstull ass just e PR-Gag vu VW a gëtt net verkaf. Et ass en Unikat deen d'Mark awer tatsächlech baue gelooss huet.