Den Nothing-Grënner Carl Pei huet ugekënnegt datt nom Phone (1) de Phone (2) vu sengem Start-Up wäert released ginn.

Lauschtert eran!

D'Techfirma Nothing schafft un hirem zweeten Handy. Dat huet de Grënner Carl Pei bestätegt. De Phone (2) soll am spéide Verlaf vum Joer an den USA op de Marché kommen.

Nodeems den éischte Modell haaptsächlech an Europa an Asien ugebuede gouf, konzentréiert e sech fir de neie Release op d'USA.

De Phone (2) soll mat méi héichwäerteger Hardware equipéiert sinn. Nothing huet probéiert mat Livestreams a Promokampagnen en Hype ronderëm de Virgänger ze kreéieren. An tatsächlech war de Phone (1) iwwerzeegend bei de Mëttelklasssmartphones. Virum allem mam Design konnt de 470€ Handy beim Faktor Coolness punkten. En huet nämlech eng kanteg Metallerumm an op der Récksäit LED-Leisten, déi bei Uriff an SMSen blénken.

En hat eng Dualkamera mat 50 Megapixel, an en Chip Snapdragon 778G+ vu Qualcomm.

Wéi genau den neie Modell sech vum alen ënnerscheede wäert ass awer nach net gewosst. Et wëll een ebe vun der Mëttelklass a Premiumklass wiesselen, sou mat wäert de Preis vum Phone (2) dann och e bësse méi héich ausfalen.

De Succées vun Nothing léisst sech weisen. Mat nëmmen e puer Produiten, wéi de Phone (1) an InEar Kopfhörer huet d'Firma 2021 ca. 24 Mio. US-Dollar Gewënn gemaach an 2022 waren et du schonn 200 Mio. US-Dollar.