
© JONATHAN RAA / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Muss Google elo fäerten? Microsoft plangt wuel eng nei Versioun vun der Sichmaschinn Bing déi déi kënstlech Intelligenz ChatGPT integréiert soll hunn.
War et eng Panne vu Microsoft? Op jiddefalls si Screenshots op Twitter opgetaucht bei deenen een eng Preview-Versioun vu Bing gesäit bei där déi revolutionär kënstlech Intelligenz integréiert ass. Mëttlerweil ass dëst awer nees offline.
Bing soll also opgepeppt ginn a kéint an Zukunft "the new Bing" heeschen. Et huet een also net méi just eng klassesch Sichfënster, mee ka wielen tëscht der Sichfënster respektiv enger Chatbox. Dës ass méi grouss a mat bis zu 1000 Zeeche kann een dann seng Fro detailéiert formuléieren. Den Chat soll da mat der neier Versioun ChatGPT-4 ausgerëscht sinn. Dëse soll da méi Leeschtungsfäeg sinn. Den Update vun der KI erweidert dann och d'Wësse vum Programm. Bis ewell goung dat nämlech just bis d'Joer 2021. Alles wat duerno geschitt ass konnt de Programm net berécksiichtegen. ChatGPT-4 soll awer elo up to date sinn.
ChatGPT vum Start Up OpenAi soll dann net just op d'Froen äntwere kënnen an dobäi och d'Quellen uginn, mee och Lyresch Talenter hunn, wéi Gedichter schreiwen, reimen a Songtexter opstellen. Ausserdeem kann en Artikelen, Bewerbungen an Hausaufgabe schreiwen. Och sollen nach méi komplex Aufgabe méiglech sinn, wéi Codéierungsfeeler verbesseren.
Wéini "the new Bing" dann elo wierklech online geet ass nach net gewosst.