E Computer ka mëttlerweil schonn erstaunlech vill. Just eppes kann en nach net wierklech... bis elo... nämlech richen!

Lauschtert eran!

Osmo, eng amerikanesch Start Up Entreprise, huet eng kënschtlech Intelligenz entwéckelt déi en eegene Gerochssënn huet. Dëse soll da benotzt gi fir nei Gerécher ze kreéieren.

D'Start Up ass aus dem Fuerschungsberäich GoogleResearch eraus entstanen. Hier KI soll an Zukunft dofir benotzt ginn, fir de perfekte Geroch fir Shampoingen, Lotiounen a Käerzen hier ze stellen.

Doftstoffer entsti gréisstendeels aus planzlecher Basis oder op Basis vun Déieren. De Virdeel vu kënschtleche Parfumen ass datt se biologesch ofbaubar sinn an och vun Allergiker kënne benotzt ginn.

Datt Gerécher fir e Computer komplex sinn, weist d'Fuerschung beim Mënsch. Dësen huet nämlech 400 verschidden Aarte vun Empfänger, déi Gerécher ophuelen, kodéieren an un d'Gehier viru ginn. Fir datt d'KI hei mathale kann huet Osmo en Algorhythmus mat Date vun iwwer 5000 verschiddene Gerochsmoleküller gefiddert.

Et huet e sech beim Start Up awer net just mat der Struktur vun engem Geroch beschäftegt mee och domadder wéi de Mënsch e Geroch ophëlt.

D'KI huet sech dunn mat der Fro beschäftegt wéi bis ewell net produzéiert Moleküller wuel riche géifen. Gläichzäiteg huet een dunn aus deene Moleküller Gerécher produzéiert. Et huet een dunn Testpersoune gefrot wéi si de Geroch beschreiwe géifen. An 53 Prozent vun de Fäll hat d'KI Recht, wat een als Erfolleg ugesäit.

Osmo ass optimistesch wann et em Zukunft geet. Esou erhofft een sech enges Daags eng Aart Shazam fir Gerécher. Dann kéint een Gerécher identifizéieren, afänken an iwwerdroen. Mee bis dohi brauch et e Sensor deen e Parfum erkennt, an a Bits iwwersetzt; dann eng Kart fir d'Informatiounen ze späicheren an eng Aart Drucker fir den Doft rëm hierzestellen.