
© Emoji / MIGUEL MEDINA / AFP
E Softwareupdate bréngt oft méi Benotzerfrëndlechkeet mat sech, behieft awer och geleeëntlech Bugs. Déi nei Emojis interesséieren awer am meeschten!
Fir all déi gären chatten an dann och nach reegelméisseg mat Emojis kommunizéieren, déi kënne sech freeën. Et dauert net méi all ze laang da ginn et 21 nei Emojis.
Den Update vun Apple op iOS 16.4 gouf de 16 Februar offiziell lancéiert. An éischter Linn ass dësen awer exklusiv fir registréiert Entwéckler verfügbar. Regulär User kënnen den Update dann no an no maachen, warscheinlech am Mäerz respektiv Abrëll.
Ënnert den 21 neien Emojis ass d'Häerz. Hei konnt e schonn aus ganz ville verschiddene Faarwe wielen, elo kënnt awer nach d'Häerz a rosa, hellblo a gro dobäi!
Da gëtt et och nach e neie Schock-Emoji. Et ass e Smiley deen erféiert oder schockéiert dra kuckt a komplett verwackelt ass.
En Highlight sinn dann déi 2 Highfive Emojien, wéi gewinnt kommen déi och direkt a verschiddenen Hauttéin. An Zukunft muss een also fir en Highfive net méi op d'Hänn zréckgräifen déi u sech bieden. Den Highfive weist dann emol op déi lenks Säit an emol op déi Riets. Esou kann een dann entweder just eng Hand schécken, an hoffen datt den Chatpartner aschléit oder et benotzt een se direkt selwer niefteneen fir den High5 duerzestellen!
Bei den Déierenemojis gouf et scho bal alles Zebra, Päerd, Eenhar, Kou, awer nach keen Iesel. Bis elo! Dann gëtt et och nach e Kapp vun engem Elch, e Jelliskapp, eng Gäns, eng Märel, an e Flillek, dëse kéint och an Zukunft fir Engele stoen.
Bei der Auswiel vun Emojis ass een da ganz inklusiv a probéiert verschidde Kulturen a Reliounen ze berécksiichtegen. Esou kënnt elo e Kamp, latäinamerikanesch Maracas, e Fächer an d'Khanda Symbol dat am Sikhismus benotzt gëtt.
Fir jiddereen deen iergendwann mol Blockflütt gespillt huet, dee kann dat lo och mat engem klenge Bild matdeelen.
Déi läscht Emojis an der Lëscht sinn dann emol e Wifi-Symbol, d'Planz Hyazinth an dann nach Ierbessen an eng Ingwerwuerzel.