
© Unsplash
A China gouf elo eng Dron entwéckelt déi dank engem Opluedsystem op Distanz ni méi lande muss. Dat mat Hëllef vu Laserluucht.
Wann een eng Dron huet da kennt een de Problem. Zwar kritt een domat richteg beandrockend Biller gefilmt, laang kann een awer net fléie well den Akku relativ schnell eidel ass. Wann een also quasi grad mol ageflunn ass, muss een d'Dron schonn nees zréck op de Buedem fléie fir d'Akkuen ze tauschen.
Fir de Problem ze léisen hu Fuerscher vun der Northwestern Polytechnical University a China sech domat befaasst wéi een esou en Akku an der Loft mat Energie versuerge kann. D'Léisung soll dann eng bestëmmt Laserluucht sinn.
Dofir kritt d'Dron op der ënneschter Säit e photoelektresche Wandler, deen änlech wéi e Photovoltaikmodul funktionéiert.
De Wandler wandelt d'Laserluucht dann a Stroum ëm.
Um Buedem brauch een dann eng Statioun mat Laser déi d'Dron verfollegt, mat hëllef vun engem Algorythmus. D'Statioun ass eng Aart Gimbal op engem Stativ. Esou beweegt de Laser sech ganz smooth an ouni ze ruckelen.
De System gouf schonn intensiv getest an huet souwuel banne wéi och baussen, bei Dagesliicht, bei schlechte Liichtverhältnisser, bei Konschtluucht a bei guer kenger Luucht iwwerzeegt. Ëmmer konnt Dron lueden.
D'Energieiwwerdroung op der Säit vum Sender um Buedem leit jee no Luuchteverhältnisser bei 50 bis 85 Prozent.
An op der anerer Säit beim Empfänger kënne ronn 50 Prozent vun der Laserluucht a Stroum ëmgewandelt ginn.
E grousse Virdeel vum Laser ass datt d'Strale wäit reeche kënnen. Esou kann een och a méi groussen Héichten Drone lueden, oder an Zukunft dann och villäicht Elektrofligeren.