Den Exo-Line ass en elektrescht, héichsportlecht Gefier wat een zesumme falen an droe kann. Den Entwéckler schwätzt vun engem "Wearable Concept Vehicle".

Lauschtert eran!

Et ass e komplett neit Concept fir sech weiderzebeweegen. E-Roller, Hoverboards oder elektresch Vëloen.... a Stied gëtt d'Bild vu Fortbeweegungsmëttel ëmmer méi ofwiesslungsräich... mam Exo-Line elo nach méi!

Den Designer Andrea Mocellin aus München huet e Gefier entwéckelt dat perfekt fir d'Stad soll sinn. Et brauch e keng Parkplaz a wann een den Exo-Line zesumme klappt, soll e souguer an e gréissere Rucksak passen.

Den Exo-Line besteet aus engem Gestell an enger "Y"-Form. Hanne befënnt sech e Rad un enger Strief an no vir hin un den zwou Ofzweigunge befannen sech dann déi zwee viischt Rieder. Notzt een den Exo-Line da muss e sech um Bauch op d'Gestell leen, mat den Äerm no virgestreckt fir sech un den Ofzweigunge fest ze halen.  De Broschtkuerf leit op der Haaptstrief un där och d'Lithium-Ionen-Akkue befestegt sinn, déi fir zousätzlech Oplagfläch suergen. D'Féiss leien dann op enger Oplag iwwert dem hënneschte Rad.

Ugedriwwe gëtt d'Gefier duerch e sougenannten "Wheel Hub Motor" am Hannerrad. Fir sech mat den Hänn unzehale ginn et op den zwou viischte Striewe Grëffer mat deenen e bremsen a beschleunege kann. Renkele kann een dann duerch d'Verlagerung vum Kierpergewiicht, änlech wéi bei engem Skateboard.

Den Entwéckler huet uginn datt hien esou mann wéi méiglech Material vun engem Gefier wollt hunn fir séier iwwert Strooss ze kommen an esouguer dem Fuerer  den Androck ze ginn hie géif iwwert d'Strooss schwiewen. Esou kritt een e Gefill vu Fräiheet a Verbonnenheet mam Gefier.

Vue datt et bis ewell just e Prototyp ass, weess een nach net ob a wéini den Exo-Line op de Maart kënnt a wat e kaschte wäert. Ausserdeem ass net gewosst wéi weit ee mam Akku kënnt a wéi séier een domat fuere kann.

Fannt hei méi Infos iwwert den Exo-Line.