Star Wars Fans si lo wuel net méi ze bremsen. De Josh D'Amoro, President vun de globalen Disney Parks huet e richtegt Liichtschwäert präsentéiert.

Lauschtert eran!

An der Star Wars Welt existéieren se schonn zanter 1977: D'Liichtschwäerter. Esou eent ze besëtze war also laang Zäit en Dram fir all d'Fans vu Star Wars. Zwar ginn et um Marché Replike vun dësen, allerdéngs ass de Coolness Faktor net grad de selwechten. Bei dësen ass nämlech um Grëff en transparenten Tüb deen einfach liichte kann. Beim Luke Skywalker a Co schéisst de Laser awer aus dem Schwäert raus, a wann d'Waff net benotzt gëtt huet een ebe just de Grëff, eben ouni transparenten Tüb.

Op der SXSW 2023, enger Aart Konferenz a Festival deen de Fokus op Tech, Musek a Film Industrie leet, huet de President vun de globalen Disney Parks Josh D'Amoro elo en Liichtschwäert präsentéiert dat deenen aus de Filmer ganz no kënnt, an dat ouni Bild oder Videobearbechtung. Fir et am Jedi-Meeschter Yoda senge Wierder ze soen: Sensatioun, dat ass. Aus dem Grëff schéisst tatsächlech e Laser an d'Luucht, an zitt sech beim ausmaachen nees an de Grëff zréck. D'Virféierung vum Liichtschwäert gesäit een hei:

Wéi déi Technik am Gadget funktionéiert gëtt awer net verroden. Wéini an ob een dës Liichtschwäerter kafe kann ass net gewosst. An dem Sënn: Möge die Macht mit dir sein!