Och wann de neiste Modell vum Modell réicht am Hierscht kënnt, ginn et wéi gewinnt scho genuch Spekulatiounen a Leaks.

Lauschtert eran!

Et gouf eng Foto geleakt an der de Bord vum iPhone, fir genau ze si vum Pro-Max-Modell erstaunlech dënn ass. Den ultra dënne Rand ronderëm de Bildschierm soll nëmmen 1,55mm dënn sinn. Bis ewell waren et 2,17mm.

Domat géif Apple dann de Rekord knacken. Bis ewell ass de Xiaomi 13 nach op der éischter Platz mat 1,81mm. Wéi schmuel de Bord bei deenen anerer iPhone 15 Modeller ausfale wäert ass awer nach net gewosst.

Och soll den iPhone keng Taste méi kréien. Dës sollen duerch sougenannte Solid State Buttons ersat ginn, also quasi Touchscreen Iwwerfläche fir verschidde Funktiounen.

An endlech wäert een an Zukunft wuel net méi musse froen: Hues du en iPhone oder Samsung wann een op der Sich no engem Oplueder ass. Apple wäert den EU Virgaben nokommen, an déi nei Modeller mat engem USB-C-Uschloss ausrëschten. Dëst fir eng eenheetlech Luedtechnik bei mobillen Geräter ze garantéieren.

An awer plangt Apple eng hauseegen Zertifizéierung vun de Lueder mat enger Schnellluedfunktioun, dem sougenannten MFi - Made for iPhone.