D'kënschtlech Intelligenze ginn ëmmer méi present an eisem Alldag. Mee muss een iergendwann em seng Aarbechtsplaze fäerten?

Lauschtert eran!

Jiddefalls wéist elo eng chineesesch Firma datt d'Angscht net onberechtegt ass. D'Firma "Netdragon Websoft" ass op d'Entwécklung vu Softwarë spezialiséiert, fir genee ze sinn am Beräich vum Gaming. An hirer Duechterfirma "Fujian Netdragon Websoft" gouf elo eng KI-baséiert Software zum CEO befërdert. An déi kann op der neier Positioun iwwerzeegen: zanter dem August 2022, also dem Moment wou d'KI d'Chefetage ageholl huet, ass de féierenden Aktienindex zu Hong Kong den Hang-Seng-Index em 3% erofgaangen, dee vun "Netdragon Websoft" ass awer em 18% an d'Luucht gaangen.

Och wann d'Cheffin zu onmënschleche Konditioune schaffe muss, wéi zum Beispill 24 Stonnen den Dag, ouni Schlof,an dat fir net mol eng Paie ze kréien, krut Sie trotzdeem en Numm: "Tang Yu".

D'Aufgabeberäicher vun der KI si fir d'Firma awer definitiv wichteg. Esou ass Tang Yu responsabel fir d'Duerchféierung vun Analysen, Ausschaffe vun effiziente Workflows, Bewäerte vu potentielle Risiken, an d'Treffe vu wichtegen Decisiounen.

Et muss een awer ervirhiewen datt net kloer ass ob a wéi oft d'Leeschtung vun der KI analyséiert gouf. Ob déi nei virtuell Cheffin also wierklech fir eng Revolutioun suergt, wäert sech dann an Zukunft méi däitlech rauskristalliséieren.