Wann e mol beim Sport iwwerdreift da bereit een et spéitstens den Dag drop, wann e bis Muskelkater huet. Eng Smart Leggings soll hëllefen.

Lauschtert eran!

Fuerscher vun der ETH Zürech huet en elektroneschen Fuedem entwéckelt deen d'Beweegungen vum Kierper genau moossen kann.

Wann deen elektronesche Fuedem also a Sports- oder Aarbechtskleedung verschafft ass, da kann de Sensor viraussoen wéini de Kierper bei Ustrengung midd gëtt.  De Sensor ass natierlech mat enger App verbonnen a kann dann via Smartphone warnen, datt een u seng Grenzen kënnt a villäicht eng Paus aleeë soll.

Mee wéi fënnt de Fuedem raus datt de Kierper midd gëtt? D'Beweegunge vum Kierper veränneren sech. Esou mécht een zum Beispill méi kleng Schrëtt an dës gi méi onreegelméisseg. Déi bannescht Faser vum Fuedem besteet aus engem leed fäehegem, elasteschen Gummi. Ronderëm des Faser ass e fixen Drot gewéckelt, deen mat enger dënner Konschtstoffschicht spiralfërmeg ëmmantelt ass. Déi Faseren wierken wéi zwou Elektroden a produzéieren en elektrescht Feld.

Bei Beweegungen deenen an zéien sech des Faser dann an engem bestëmmte Rhythmus auserneen respektiv zesummen, an esou kann d'Kierperbeweegung erfaasst ginn. Wat de Kierper méi midd gëtt wat sech déi Signaler méi staark veränneren. Fir awer en representatiivt Resultat ze kréien, an tatsächlech d'Middegkeet vum Kierper richteg ze deiten muss een awer nach vill Tester maachen an eng grouss Unzuel u Trëppelaarten analyséieren.

Un eng App soll Signal dann mat hëllef vun enger Antenn geschéckt ginn, déi och op Leggings gebitzt soll ginn.

D'Fuerscher betounen awer och datt et nach vill Entwécklungsaarbecht brauch bis dass d'Leggings prett fir op de Marché ass.

Et wéilt een d'Kleedung spéider net just am Sport benotzen mee och am Aarbechtsberäich fir Verletzungen duerch Middegkeet ze vermeiden. Ausserdeem soll se net ze deier sinn an domat fir jiddereen zougänglech.