
© Screenshot Youtube
D'Yacht AQUON One produzéiert hiren eegene Waasserstoff. Bei genuch Sonnenastralung huet se am Ökomodus eng onbegrenzte Capacitéit... theoretesch!
Swiss Sustainable Yachts AG hunn d'Yacht AQUON One entwéckelt. Dës ass equipéiert mat enger Photovoltaikanlag a Waasserstoffgeneratoren. Dat heescht d'Yacht kann hiren eegene Kraaftstoff hierstellen a brauch net stoen ze bleiwe fir nozetanken. Theoretesch huet d'Schëff also eng onbegrenzt Capacitéit.
Um Dach vun der Yacht befanne sech 64m2 grouss Solarplacken. Dës lueden d'Lithium-Ionen-Akkuen op. D'Akkue gi verwent fir d'Yacht unzedreiwen. Och leeft iwwert des d'Energieversuergung vun de Passagéier!
Wann d'Akkue bis opgeluede sinn, da gëtt déi Solarenergie benotzt, fir aus entsalztem Mierwasser gasfërmege Waasserstoff ze produzéieren. Dëse gëtt op 300 bar kompriméiert a gespäichert. Wann dann zousätzlech Energie gebraucht gëtt, kënne Brennstoffzellen de Waasserstoff nees an elektresch Energie fir den Undriff ëmwandelen. D'AQUON One produzéiert dowéinst keng Emissiounenausser Waasser an Hëtzt.
Theoretesch huet d'Yacht also eng onbegrenzt Capacitéit a kann éiweg fueren. Praktesch ass dëst awer begrenzt well Komponente vum Stroumcircuit wéi d'Revisioun oder d'Austausche vum Entsalzer gemaach musse ginn. Ouni Sonnenastralung kann d'Schëff bis zu dräi Deeg am Ökomodus bei 4 bis 6 Kniet fueren. D'Maximalgeschwindegkeet leit bei 16 Kniet (30km/h).
D'AQUON One ass 21 Meter laang, huet 250m2 Wunnfläch, déi fir 8 bis 10 Leit ausgeluecht goufen. Nieft Schlofkummere ginn et u Bord nach eng Kiche mat Grill, eng Bar, eng Stuff, an e Quartéier fir d'Besatzung.
Fir all déi déi lo denken, dat wier nach Zukunftsmusek, een Exemplar vum AQUON One gouff scho verkaf. Ugepriese gëtt d'Schëff ënnert anerem als "smarten Designer-Katamaran", "d'Premium-Yachting nei definéieren" oder "en onofhängege Liewensstil fir nohaltege Luxus".