
© Screenshot Youtube
Xaomi huet hiren neie Xaomi 13 Ultra offiziell virgestallt. A Punkto Kameraleeschtung soll dëse Modell nei Mossstiew sëtzen.
De Xiaomi 13 Ultra kënnt mat enger Quad-Kamera a bitt eng Opléisung vu bis zu 50 Megapixel. Bei der Kamera huet een sech mat der däitscher Firma Leica zesummegedoen. Am Virfeld gëtt d'Kamera als eng vun de beschte bis ewell an engem Smartphone ugepriesen.
Den Display vum Flaggschëff krut en Hellegkeetsupgrade. De 6,73 LTPO-OLED-Display huet eng Opléisung vun 2K an d'maximal Hellegkeet bedréit 2.600 Nit. An der Reegel hu Smartphones 1.300 Nits. Den Display besteet aus Gorilla Glass Victus an de Smartphone ass IP68 zertifiéiert, also Waasserfest a Stëbsfest.
D'Häerzstéck ass dann den Chip Snapdragon 8 Gen2 vu Qualcomm. Dobäi kommen entweder 12 oder 16 GB Aarbechtsspäicher an 256 GB bis 1 TB Späicherplaz.
Ugedriwwe gëtt de Xiaomi 13 Ultra mat engem 5000-Milliamperestonn-Akku, de bis ewell gréisste vu Xiaomi.
Released gëtt de Smartphone dann an 3 Faarwen: Schwaarz, Wäiss an Olivegréng an an 3 Ausstattungsversiounen, bezunn op de Späicher an Aarbechtsspäicher.
De Smartphone huet eng Lieders Récksäit. An d'Kameramodul erënnert wéinst senger ronner Form un e Kameraobjektiv vun enger Spiggelreflex.
De Smartphone soll als eicht mol a China op de Maart kommen, e soll awer och spéider um europäesche Maart released ginn. D'Präisser goufe bis ewell just a Yuan kommunizéiert.