E schwedescht Start-Up huet e kompakten Zweesëtzer Micro-Auto entwéckelt. Déi eigentlech Innovatioun ass awer d'Aart a Weis vun der Produktioun.

Lauschtert eran!

Luvly steet fir Light Urban Vehicle, a betitelt eng schwedesch Start-Up déi kompakt Elektroautoe produzéiert.

Hieren neie Microauto Luvly O ass mat 380 Kilo, definitiv kee Koloss. Duerch d'Gewiicht braucht en just 6kWh Stroum fir 100 Kilometer. Den Energiespäicher besteet aus 2 Akkue vu jee 15kg déi een eraushuele kann. De Virdeel ass datt dës un normale Steckdousen opgeluede kënne ginn. D'Zäit fir d'Akkuen emol komplett ze lueden, leit bei just enger Stonn. Mat vollem Akku packt de Microauto eng maximal Distanz vun 100 Kilometer.

Et ass also e perfekt Gefier fir duerch Stad an awer och doriwwer eraus, well de Luvly O fiert mat bis zu 90km/h.

Klengen Nodeel vun esou engem Mikro-Auto ass d'Mall. Hei huet een eng Kapazitéit vun 267 Liter. Et geet also just duer fir klengt Gepäck oder d'Akeef.

Besonnesch u Luvly ass awer hire Stil wéi se produzéieren. D'Mikroautoe ginn nämlech net fäerdeg gebaut transportéiert, mee se ginn an Eenzeldeeler a méi kleng Produktiouonsstied geliwwert. Wärend an e Container nëmme bis zu 4 esou Modeller vun dësem Gefier passe géifen, kann een der bis zu 20 verstauen, wann se nach net zesumme gebaut sinn. Et ass also net just eng ëmweltschounend Produktioun, mee et kann een och méi bëlleg a méi séierproduzéieren.

De Luvly O soll dann ëm déi 10.000 Euro kaschten, respektiv oft esouguer manner duerch staatlech Fërderprogramm vun de verschiddene Länner.

Nom Zweesëtzer Luvly O ass elo nach en Dräirad Buggy, wéi och e klengen Transporter geplangt.