
© Screenshot Youtube
Sift Robotics huet ee Schong entwéckelt mat deem een 2.5x méi schnell ass.
"Moonwalkers", wei se vu Shift Robotics benannt goufen, gëllen als schnellste Schong vun der Welt.
Fir sech méi schnell fortbeweegen ze kënnen, muss een d'Moonwalkers ënnert den Turnschong befestegen. Moonwalkers sinn also en Opsaz dee mat Gummibänner un den normale Schong befestegt gëtt. Op der Seit vun de Moonwalkers sinn 8 Rieder pro Säit déi fir den Undriff suergen. Zwee zousätzlech Rieder sinn zoustänneg fir d`Balance. Sie weien 1,9 kg pro Schong an hale bis zu 100 kg aus. Den innovative Schong funktionéiert mat engem Motor deen eng Energie vun 300W liwwert. De Schong kann iwwert USB-C an 90 Minutten erëm opgeluede ginn. Mat vollem Akku packen d`Moonwalkers eng Distanz vun 8 bis 11 km. D'Maximalgeschwindegkeet déi een erreeche läit bei 11 km/h.
De schnellste Schong funktionéiert iwwert d'Beweegung vum Fouss. Doduerch datt een dann einfach normal trëppelt, kann een déi 2.5x méi schnell Geschwindegkeet notzen.
De waasserresistente Schong kann an der Stad gefuer ginn, mee och op aneren Ënnergrënn. Esou bleift een absolut flexibel.
D'Moonwalkers hunn selbstverständlech och ee Bremssystem mat integréiert. De sougenannte LOCK Modus erméiglecht dann datt een Trapen ouni Problem erof an erop goe kann oder domat kann een och komplett stoe bleiwen. De Bremswee läit deem no just bei engem hallwe Meter.
Am Moment kann een d'Moonwalkers fir 1320€ virbestellen. An noer Zukunft solle se dann op de Marché kommen.