
© Pexels
Den Twitterchef Elon Musk huet fläisseg getwittert an nei Funktioune vun der Plattform annoncéiert.
Twitter soll eng App fir Alles ginn. Dat ass de Plang vum Elon Musk. Fir "Twitter 2.0 The Everything App" virun auszebauen, Dofir soll een an Zukunft doriwwer Uriff tätege kënnen a vun elo un och Direktnoorichte verschécken.
Den Elon Musk selwer seet dozou: "Da kann een egal wou an der Welt mat Leit schwätzen ouni hinne mussen deng Nummer ze ginn."
Ausserdeem stéchelt hie géint de Messengerdéngscht Whatsapp vu Meta, dem Facebook-Konzern. Dësem kéint een net vertrauen esou de Musk iwwer Twitter.
Twitter soll eng absolut Villfälteg-App ginn, bëssen inspiréiert u Facebook oder WeChat a China. WeChat war ursprénglech och just eng App fir ze chatten, elo kann een awer och Videocalls doriwwer maachen, Liewensmëttel oder Iesse bestellen, Rechnunge bezuelen an Dokterrendezvous'er buchen.