
© Unsplash
An Neiséiland gouf vun Apple e neit Markewuert registréiert. Dëst kéint en Indice op nei Hardware liwweren.
An der Apple Welt deet sech eppes an dat kuerz virun der Worldwide Developers Conference (WWDC). Apple huet sech elo d'Markewuert "xrOS" séchere gelooss. Dëst geschitt nëmmen e puer Woche virun der warscheinlecher Ukënnegung vun engem AR-/VR-Headset vun Apple.
De 5. Juni gëtt WWDC da mat der traditioneller Keynote vun Apple lancéiert.
"xrOS" soll da fir "Extended Reality Operating System" stoen, an d'Betribssystem fir hiren éischte Mix-Reality-Headset betitelen.
Och wann Apple dëst Markewuert net selwer ugefrot huet, ass dëst iwwert hier Tarnfirma Deep Dive LLC geschitt.
Et ass awer net fir d'éischt datt elo de Begrëff "xrOS" opdaucht. Viru Méint huet schonn de Bloomberg-Reporter Mark Gurman doriwwer geschwat, allerdéngs war nach net kloer op e sech fir den Numm "rOS" (Reality OS) oder "xrOS" entscheede wäert.
Bei "xrOS" soll een dann op eng änlech Notzeruewerfläch zréckgräife wéi bei "iOS", well d'Apple-Notzer dës vun hirem iPad oder iPhone hier kennen. Bei "xrOS" soll dann och op engem Startbildschirm App Icons a Widgets hunn déi e sortéiere kann.
Bei den Apps schwätzt een da vun ugepassten iPad-Applikatioune wéi Karten, Messages a co. Och soll e Software-Development-KIT (SDK) entwéckelt gi sinn, mat dem Apps vun Drëttubidder fir d'Headset optiméiert kënne ginn.