De sougenannte Mouthpad vun Augmental erméiglecht engem e Smart Device ouni Hänn ze benotzen.

Lauschtert eran!

Augmental, ass e Start-Up aus San Francisco, dat vum renomméierte Massachusetts Institute of Technology eraus entstanen ass. D'Firma huet en Touchpad kreéiert deen een am Mondraum placéiert. Leng duerch d'Benotzevun der Zong kann een da Geräter steieren. D'Entwéckler selwer betitelen hiert Gerät als "11ten Fanger".

D'innovativt Gerät ass usesch fir Leit mat enger Leemung, oder aner Persounen déi hier Hänn net notze kënnen. Esou hu si d'Méiglechkeet eegestänneg e Computer ze notzen. Et kéint een d'Zilgrupp dann an Zukunft och  auswäiten an de Produit deenen ubidden déi e weidert Gerät bedénge wëlle wann hier Hänn scho voll sinn.

De Mouthpad gëtt individuell un de Mond ugepasst mat aus engem 3D-gedréckten Zännharz. De Mouthpad ass selbstverständlech waasserdicht an änelt enger Zännprotese, déi iwwert d'Zänn op den ieweschte Gaume geluecht gëtt. De Mouthpad ass 0,7 Millimeter déck a 7,5 Gramm schwéier.

De Mouthpad besteet aus engem beréierungsempfindlecher Uewerfläch, enger Batterie, e Mikroprozessor a Bluetooth. Den Akku huet dann eng Capacitéit fir eng 5 Stonnen Notzung, an ass an 2 Stonnen nees gelueden. Mam Gerät am Mond kann een awer normal schwätzen.

Duerch de Mouthpad kann dann d'Positioun an den Drock vun der Zong erfaasst ginn. Dës Informatioune ginn dann mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz a Befeeler ëmgewandelt. Duerch d'Kopplung vu Bluetooth-fäegen Endgeräter wéi Smartphone, Laptops a co kann een dann e Cursor steieren an Aktiounen ausféieren.

Et kann een de Produit vun Augmental da fir alles notze wou fir een zum Beispill eng Maus brauch, wéi zum Beispill Maile verschécken, Videospiller spillen, Biller beaarbechten etc.

Augmental versprécht dann datt de System mat macOS, Windows, Linux, iOS an Android kompatibel ass an e fir d'Benotze keng zousätzlech Software brauch.