Vun elo un erméiglecht de Messenger-Déngscht datt een seng Noriichten och nom verschécken nach verbessere kann.

Lauschtert eran!

Jiddereen huet se sech scho mol gewënscht. D'Funktioun fir eng Noriicht déi e verschéckt huet, nach emol ze beaarbechten. Sief et well een sech bei der Auerzäit fir de Rendezvous vertippt huet, dem Chef villäicht eng Noriicht mat engem peinleche Schreiffeeler geschéckt huet, oder een dem Frënd oder der Frëndin e komplett falschen Emoji geschéckt huet.

Entweder et verbessert ee sech da séier an enger zweeter Noriicht, de Feeler bleift dofir awer fir déi aner Persoun siichtbar, oder et läscht een de Message. E Message läsche léisst awer oft Mësstrauen oder Skepsis bei sengem Géigeniwwer aus.

Bei WhatsApp kënnt elo endlech d'Léisung. Et kann een e Message deen e verschéckt huet nach zu engem spéideren Zäitpunkt beaarbechten. Dofir muss een da laang op de Message klicken a fënnt do d'Funktioun an engem klengen Ënnermenu. D'Funktioun ass awer just wärend 15 Minutten disponibel vun dem Moment un, wou een de Message verschéckt huet.

Esou gëtt evitéiert datt een an Zukunft Aussoe verdréine kéint. De Kontakt kritt zwar ugewisen datt de Message beaarbecht gouf, e gesäit awer net wat verbessert gouf. Ausser en hätt de Message scho gelies, ier den User säi Message iwwerschafft huet.

D'Funktiounass elo schonn disponibel a sollt elo no an no bei den Notzer an der App optauchen.