Zwee Méint no der iPhone-App kënnt ChatGPT elo och fir Android raus.

Lauschtert hei de Reportage!

OpenAI hunn op Twitter verroden datt ChatGPT elo fir Android disponibel ass, dat an den USA, Indien, Bangladesch a Brasilien. Nächst Woch soll dës Lëscht dann nach verlängert ginn.

Déi mobil Versioun vun ChatGPT ka gratis benotzt ginn. Fir ChatGPT Plus dogéint muss ee bezuelen, kritt dann awer Zougrëff op déi ausgebessert Versioun ChatGPT-4 vun der KI.
De Menü vun der App ass op Englesch an d'App kënnt ganz ouni Werbung aus. Et kann een d'App och mat anerer Geräter iwwert de perséinlechen Account synchroniséieren an se funktionéiert och mat Spracheingabe fir déi déi net tippe wëllen.

A genau fir déi Tippfaul ënnert eis, gëtt et och eng nei Funktioun beim Instant-Messenger-Déngscht WhatsApp. Hei wäert een d'Méiglechkeet hunn, nieft de bekannte Sproochnoorichten an d'Zukunft och Videobotschafte verschécken ze kënnen.

D'Videoe kënnen dann direkt am Chat opgeholl ginn, däerfen awer net méi lang wéi 60 Sekonne sinn. Bis ewell ginn d'Videoen da rechteckeg am Chat ugewisen. D'Videonooricht wäert awer an engem Krees ugewise ginn, ronderëm deen e Ballek leeft deen d'Dauer vum Video uweist.

Bis ewell ass d'Funktioun réischt an der Betaversioun vun der Android-App. Android-User wäerten also net méi all ze laang waarde mussen, anescht ass et bei den iOS-User.

RTL

© Whatsapp / YASUYOSHI CHIBA / AFP