Déi éischt Hyperloopstreck ass a Bayern an de Betrib geholl ginn. Dës soll dat séierst Verkéiermëttel vun der Welt ginn.

Auto, Bus, Zuch oder och Tram schénge Konkurrenz ze kréien, well et kënnt vläicht gläich en neit Verkéiersmëttel op de Marché. De sougenannten Hyperloop kéint nämlech dat séierst Verkéiersmëttel vun der Welt ginn. Heibäi handelt et sech ëm en Héichgeschwindegkeetssystem, bei deem sech Kapsele mat Schallgeschwindegkeet duerch e Rouer beweegen. Déi éischte Kéier gouf d’Konzept vum Hyperloop 2013 vum Elon Musk proposéiert. 2020 gouf dësen éischte 500 Meter laangen Hyperloop zu Las Vegas getest. Deemools gouf sech awer dofir entscheet, datt keng Mënsche mam Hyperloop sollen transportéiert ginn, mee nëmme Wueren. Dat kéint sech awer elo änneren.

China huet nämlech viru Kuerzem fir déi éischte Kéier eng Hyperloopstreck mat Persoune getest. Dës ass 2 Kilometer laang an errescht eng Geschwindegkeet vu bis zu 1.200 km/h. An elo huet dann och a Bayern an Däitschland eng weider Hyperloopstreck opgemaach.

Déi Teschnech Universitéit vu München (TUM) huet de Bau vun dëser Streck virun engem Joer ugekënnegt an elo ass se dann offiziell opgaangen. D’Rouer ass 24 Meter laang an huet scho seng éischt 2 Passagéier transportéiert. D’Zil ass et, den Hyperloop komplett fir de Persouneverkéier opzemaachen. D’Aarbechte sinn awer laang net fäerdeg. Sou muss nach iwwer nei Sécherheetsstandarde gekuckt ginn an d’Raimlechkeete vum Rouer mussen ugepasst ginn.

Dës Weidere sollen d’Passagéier mat dëser Hyperloopstreck, mat enger Geschwindegkeet vu bis zu 1.100 Km/h transportéiert ginn. Dat ass awer iwwerhaapt méiglech, well am Rouer selwer bal kee Loftwidderstand a keng Reiwung besteet.

D’Universitéit plangt iwwregens en 10.000 Kilometer laangt Hyperloopnetz, dat duerch ganz Europa lafe soll.

Lauschtert hei de Reportage!

Sou soll den Hyperloop, d’Transportmëttel vun der Zukunft ginn.