
© Pexels
Kann eng KI d'Passwierder knacken, just unhand vum Geräisch beim Tippen? D'Trefferquote soll bei 95% leien.
E brittescht Fuerscherteam vun direkt e puer Universitéiten hunn nogewisen datt en Deep-Learning-Modell, also eng sougenannte KI, d'Passwierder ermëttele kann, an dobäi just op d'Geräisch vun der Tastatur beim Tippen zréck gräift.
D'Geräisch vun der Apple-Tastatur huet een einfach mat engem iPhone 13 opgeholl dee 17 Zentimeter ewech placéiert gouf. D'Daten déi agetippt goufe konnt een zu 95% rekonstruéieren.
Huet een dann am Plaz vum iPhone-Mikro op d'Tools vun der Videokonferenz-Software Zoom zréckgegraff, louch d'Trefferquot ëmmer nach bei 93%, bei Skype bei 92%.
Fir esou e Resultat ze erzile huet een als éischt Tastenuschléi opgezeechent fir esou Date fir den Training vum Algorithmus ze gewannen. D'Fuerscher hunn Date gesammelt andeems se 36 Taste vun engem Macbook Pro all kéiers 25 mol gedréckt hunn, an hunn d'Geräisch vun all Tast opgezeechent. Duerno huet ee mat Hëllef vun den Opzeechnunge Spektrogrammer a Courben opgestallt an all Tast eenzel duergestallt.
Esou en Ugrëff beanträchtegt Datesécherheet massiv. Daten a Passwierder kënnen esou ganz einfach geleakt ginn. Akustesch Attacke sinn einfach Denkbar bei der grousser Auswiel u Geräter mat Mikroen, mat deene relativ héichwäerteg Opname méiglech sinn.
Schütze kann e sech dann andeems een den Tippstil ännert, oder duerch Zoufall generéiert Passwierder benotzt, well déi méi schwéier fir den Hacker ze erkenne sinn. Alternativ kann een op eng Software zréckgräifen déi Tastegeräischer imitéiert oder wäisst Dausche produzéiert. Lues Tastaturen, oder Schalldämpfer schützen een net.
Biometresch Authentifizéierung an d'Benotze vu Passwuertmanager sinn déi bescht Léisung géint esou Attacke well een d'Daten net manuell agëtt.