Konferenz-Apps wéi Teams a Zoom kënnen et scho laang: Screensharing. Elo soll och den Instant-Messaging Déngscht mam Feature equipéiert ginn.

Lauschtert hei de Reportage!

De Meta-Chef Mark Zuckerberg huet matgedeelt datt WhatsApp eng nei Funktioun kritt. Elo kann een och op WhatsApp den Handy Display wärend engem Videochat mat den aneren User deelen. Dofir muss een nëmmen am Menüballek op d'Ecransymbol klicken dat elo bäi komm ass. Duerno muss e just nach "Übertragung starten" bestätegen. A scho gëtt de Screen geshared an de Vis-a-Vis ka kucke wat een um Bildschierm gesäit oder mécht. Esou kann een net just Fotoen, Videoen oder Internetsäite weisen, mee et kann een och bei Handyproblemer d'Léisungssich méi einfach gestalten.

Et däerf e sech awer net wonneren datt bei Säite wéi Youtube, Netflix a Spiller keen Toun mat iwwerdroe gëtt.

Do dernieft wëll WhatsApp elo och inaktiv Accounts läsche fir Datequantitéit ze reduzéieren. Wann een also no 120 Deeg net méi mat dem Internet verbonne war da riskéiert ee säin Account ze verléieren.

E weidere Grond fir vun der App verbannt ze ginn ass wann een anormal vill Noriichte verschéckt. Domat well e géint Kettebréiwer a Spam virgoen. Betraff si virun allem Konten déi d'Verschécke vun Noriichten automatiséiert hunn. Innerhalb vun engem Mount huet WhatsApp elo schonn iwwer 2 Millioune Konte gespaart.