Flycart 30 ass déi éischt Consumer Schwéierlaaschtdron a kascht ronn 16.000€.

Lauschtert hei de Reportage!

De chineeseschen Hiersteller DJI ass bekannt fir hier Dronen mat deenen een impressionnant Fotoen a Video maache kann. Elo gëtt et awer en neie Modell mat dem e soll Objeten transportéiere kënnen. D'Schwéierlaaschtdron Flycart 30 soll maximal 40 kg beweege kënnen. Dofir ass eng fest montéiert Box ënnert der Dron, respektiv d'Ladung kann un engem Kabel hänkend transportéiert ginn. Wëll ee méi Reechwäit da kann een zwee Akkuen dofir asëtze mee da sénkt Drokraaft op 30 kg.

D'Dron gläicht am Allgemengen de méi klenge Videodronen. Just datt bei der Flycart 30 déi 4 Äerm jeeweils zwee Carbonfaser-Rotoren iwwertenee leien hunn fir e besseren Opdriff.

D'Dron ka bis zu 6.000 Meter héich fléien, allerdéngs dann net méi mat der maximaler Drolaascht. Déi gëtt just bei enger Héicht bei bis zu 3.000 Meter garantéiert. Se verdréit Temperature vun -20 bis 45 Grad. An ass d'Dron komplett geluede flitt se maximal 28 km wäit an dat bei maximalen 72 km/h.

Selbstverständlech ass Dron no IP55 géint Stëbs a Waasser geschützt. D'Dron kann ausserdeem agesat gi bei Wandstéiss vu bis zu 43,2 km/h, a se ka Videosignaler bis zu 20 Kilometer weit iwwerdroen.

D'Flycart 30 kann als Cargodron op Baustellen oder fir Liwwerunge benotzt ginn. Am zweete Fall ass et dann och Méiglech de Pak iwwert dem Zil ofzewerfen.

Sinn da mol Hindernisser am Wee erkennt en Dual-Radar dës. E Fallschierm zielt dann och zu de Features sollt Dron ofstierzen.
D'Flycart 30 gëtt aktuell nëmmen a China fir knapp 16.000€ verkaf. DJI bitt och speziell Versécherungen un fir esouwuel d'Equipement wéi och d'Ladung.