En Akku-Brand bei Elektroautoe kënnt zwar net dacks vir, mee sollt d'Batterie wierklech eng Kéier explodéieren, kéint dat liewensgeféierlech ginn.

Lauschtert hei de Reportage!

D’Elektromobilitéit gëtt ëmmer méi e grousst Thema hei zu Lëtzebuerg. Mat bis ewell iwwer 3.000 ëffentlech zougeloossene Luetsailen, hu mir d’Kapazitéit fir bis zu 30.000 Elektroautoen opzelueden. Sou wéi d’Luetnetz ëmmer weider ausgebaut gëtt, sou gëtt och d’Entwécklung vun de Lithium-Ionen-Batterien an den Elektroautoen ëmmer méi performant.

Ee Problem gëtt et awer: Nämlech de sougenannten Akku-Brand. Heibäi handelt et sech ëm eng onkontrolléiert Reaktioun, bei där d’Temperature sech bis op 1.000 Grad kënnen erhéijen. Doduerch kann et zu enger Explosioun kommen.

Den Ausléiser fir esou een Akku-Brand muss net onbedéngt en Accident sinn, e kann ënner anerem och duerch en einfache Batterie-Feeler, duerch eng Iwwerluedung oder eng Erhëtzung vun der Batterie beim Lueden geschéien. Esou ee Brand steet zwar net un der Dagesuerdnung, trotzdeem kann e liewensgeféierlech ginn an och d’Läschen ass ganz komplizéiert.

Fir dësen Explosiounsrisk ze verhënneren, huet déi däitsch Entreprise Freudenberg Sealing Technologies elo d’Léisung: En Akku mat integréierten 3D-Barrièren.

Dëse Barrière-System nennt sech 3D Thermal Barriers a besteet aus Elastomer-Stoff, also ee Stoff, deen eng fest Form huet an awer trotzdeem elastesch ass. Dëse kann Temperature vu bis zu 1.200 Grad aushalen a soll dozou bäidroen, de Prozess vun der Iwwerhëtzung ze bremsen.

Am grousse Ganzen ass et eng Erweiderung vun den Isolatiounsléisungen a Wärmeschutzmatten, déi schonn existéieren. Dëse System suergt also fir eng maximal Ofdichtung. Déi eenzel Barrièren aus Schaum oder festem Stoff kënnen individuell ugepasst ginn an op ënnerschiddleche Plazen um Akku positionéiert ginn.

D’ 3D-Barrièrë sinn och schonn zertifiéiert a kéinte gläich an den Autoe verbaut ginn. Wéi eng Entreprisen dës nei Technologie benotze wäerten, ass den Ament nach net bekannt.