
© SEBASTIAN GOLLNOW DPAdpa Picture-Alliance via AFP
Vum 1. September bis de 5. September war zu Berlin déi gréisste Foire fir Entertainment-Elektronik an Haushaltsgeräter.
2000 Aussteller aus 48 Länner hunn hier neiste Geräter op der IFA dëst Joer virgestallt. Hei e puer Highlights:
Tëlee am Koffer To Go
Fir all d'Serien-Junkies déi hier Serie am léifste wéilten iwwerall kucken oder fir déi déi vill dobaussen ënnerwee sinn, déi kënnen elo mam LG StandbyMe Go iwwerall Filmer a Serie kucken. D' Tëlee kënnt am praktesche Kofferformat, huet en integréierten Akku an e Full HD Ecran vu 27 Zoll. Den Toun kënnt vun 2 gudden 20-Watt-Speaker, déi Kompatibel mat Dolby Atmos sinn. Den Akku soll da Ronn 3 Stonnen halen. Bis ewell war d'Tëlee just um asiatesche Maart disponibel, mee soll elo och an Däitschland ugebuede ginn.
Balkonsdësch mat Solarpanel
Et gi mëttlerweil vill verschidde Variante fir eng Solaranlag ze installéieren. D'Iddi vum Hiersteller Technaxx ass awer nei. Op der IFA hu se e Solarpanel virgestallt deen een och als Dësch notze kann. Wann een dësen dann net benotzt kann een d'Dëschplatt schief an d'Luucht klappen a scho fänkt Solarmodul d'Sonneliicht an a ka bis zu 410 Watt Leeschtung bréngen. Den Dësch soll Enn Oktober disponibel si fir 799 Euro.
Den Dësch kann een einfach mat enger Steckdous un eng Aussestéckdous vum Haus astiechen, iwwert déi de produzéierte Stroum dann an de Circuit vum Haus fléisst.
Posch fir ze telefonéieren?
Honor huet sech beim Design vun hirem Falthandy Honor V Purse extra vill méi ginn. Dësen ass un austauschbare Rimmer befestegt esou datt en e wéi eng Posch droe kann. Vum Smartphone zur Posch quasi. An vue datt de Bildschierm no bausse geklappt gëtt, kann dësen einfach den Design vun der "Posch" un all Outfit upassen.