
© Screenshot Youtube
En Dënschden Owend war d'Apple Keynote. Hei huet den Apple CEO Tim Cook 4 nei iPhone 15 an 2 Apple Watch'e virgestallt.
Eng vun de gréissten Ännerunge bei den Apple Geräter direkt emol virewech. An all de Produite fënnt een elo en USB-C Uschloss. Domat verschwënnt elo den typesche Lightning Stecker vun Apple. Hei mat reagéiert een op d'Richtlinne vun der Europäescher Unioun déi mat engem eenheetleche Standard Elektroschrott reduzéiere wëll. Praktesch ass sollt d'Apple Watch oder d'AirPods ënnerwee musse geluede gi kann een de Stroum mat engem USB-C Kabel aus dem iPhone huelen.
iPhone 15
Bei den iPhone Modeller ass et jo bal Traditioun datt Feature vu Pro Variante vum Virjoer an den aktuelle Basismodeller nees opdauchen. Sou ass et dann och beim iPhone 15. Dëse kënnt mam Chipset A16 a kritt d'48 Megapixel staark Haaptkamera.
De Modell Pro a Pro Max kënnt da ganz nei an engem Titan Gehais. Dëst ass net just méi liicht, mee och méi widderstandsfäeg.
All Modell kritt elo och d'Funktioun "Dynamic Island". Dat ass déi länglech Ausspuerung uewen am Bildschierm mat der Selfie Kamera a mam Face-ID-System. Dësen Deel gëtt elo Deel vun der Duerstellung op dem Display. Spillt een e Lidd of, telefonéiert een oder sëtz e sech en Timer ginn d'Infos an der Dynamic Island ugewisen.
Da gëtt et bei de Pro Modeller elo den neien Action Button. De léist de Lautlos-Schalter of a ka mat all méigleche Funktioune beluecht ginn. Ausserdeem sollen déi Modeller och no engem Upgrade an der Lag si Spatial Videos opzehuelen. Dat si Videoe mat engem 3D-Effekt déi een da mat Hëllef vum Mix-Reality-Headset Vision Pro kucke kann deen nächst Joer rauskomme soll. Déi Videoe gi mat Hëllef vun 2 Kamerae gefilmt.
Och den iPhone 15 Pro Max gëtt verbessert mat engem leeschtungsstaarke 5-fach optesche Zoom. Och d'Biller mat wéineg Liicht solle sech verbessere grad sou wéi och d'Bildstabiliséierung. Dann kommen déi zwee grouss Modeller mam Always-On-Display a mat engem méi leeschtungsfäegem an energiespuersamem Chipset A17 Pro. Apple no, soll d'Grafikqualitéit domat vergläichbar si wéi mat där wéi vu Spillkonsolen.
All nei iPhone Modeller hunn dann déi zweet Generatioun vum Ultrawideband-Chip. Domat kënnen d'Geräter bis op den Zantimer genau geuert ginn. Ausserdeem kann e bei Uriff elo och d'Hannergrondgeräischer quasi vollstänneg ausblende well d'Stëmm isoléiert gëtt.
Apple Watch
Bei der Apple Watch gëtt et dann eng grouss Ännerung: Doppeltipp-Geste. Et kann een d'Auer mat just 1 Hand steieren. An zwar mat där Hand un där d'Auer gedroe gëtt. De User muss dofir just den Zeigefanger an den Domm zweemol widder en een tippen a scho kann een eng Aktioun ausféieren, wéi zum Beispill en Uruff unhuelen, e Lidd pausen etc.
D'Apple Watch kritt dann och kee Liedersband méi, mee et setzt een elo op "FineWoven" engem Recycling-Textil.
Präisser an Disponibilitéiten
D'Produite sinn all vum 22 September un disponibel an d'Präisser leie liicht ënnert deene vun de Virgänger.
D'Watch Series 9 wäert vu 449 Euro, d'Watch Ultra vun 899 Euro, an d'Watch SE vun 279 Euro disponibel sinn.
Beim iPhone bezilt e fir de 15 949€, de Plus kritt e fir 1099€, beim Pro sinn et 1.199€ an de Pro Max läit da bei 1449€.