
© Screenshot Youtube
Endlech reagéieren d'Hiersteller dorop datt e bei Kino a Fernsee zwar nach ëmmer am Breetformat kuckt, op de mobile Geräter awer éichter am Héichformat.
GoPro huet hier nei Hero 12 erausbruecht. Déi nei Actioncam ënnerscheet sech a ville Punkte vun hirem Virgänger.
De bedeitendste Feature ass wuel datt ee mat der GoPro Hero 12 elo Héichformat filme kann. Esou sinn d'Opname scho mol direkt ideal fir Apps wéi Tiktok an Insta.
Bei der Opléisung huet sech dann och e bëssen eppes gedoen: Déi 12. Generatioun filmt elo a 5,3K bei 60 Biller pro Sekonn. Fir déi déi sech elo froen ob 5,3 K vill méi ass wéi 4K: et sinn 91 Prozent méi Pixel wéi bei 4K. D'Fotoe gi mat 27 MP gemaach.
Awer och den Akku krut en Upgrade. Dësen hält 1,5 Stonn bei 5,3K-Opnamen. Bei Full-HD-Videoen kënnt een esouguer op 2,5 Stonnen. Dat ass däitlech besser wéi nach beim Virgänger.
E ganz neie Feature ass dann "Bluetooth Audio". Elo kann een Headsets wéi Apple Airpods oder Wireless Mikroen un d'GoPro koppelen.
De Präis leit bei knapp 450€.