
© Screenshot Youtube
Eng Koppel, déi sech bei Apple kennegeléiert huet, hunn elo "Humane" gegrënnt an e ganzt neit Gerät entwéckelt.
Den Imran Chaudhri an d'Bethany Bongiorno hunn "Humane" gegrënnt. Do virdrun hunn déi zwee fir den Tech-Gigant Apple geschafft an sech och do kennegeléiert. Den Imran war souguer ganzer 21 Joer do a verantwortlechfir ganz vill Patenter an huet den Home-Screen, an d'"Slide-To-Unlock"Funktioun entwéckelt.
Elo hu se mat Humane den AI Pin virgestallt deen de Smartphone soll ofléisen! Vum Time-Magazine gouf dëse schonn zu der "Beschter Erfindung vum Joer 2023" gekiert.
AI steet vir "Artificial Intelligence" & Pin, well den Handy-Ersatz einfach un d'Kleedung gepinnt gëtt. Mat der Cyber Brosch huet een d'Kënschtlech Intelligenz also ëmmer dobäi.
Den AI Pin huet keen Display, dofir ass e mat enger Kamera, engem Speaker an engem Laser-Projekter equipéiert. Dëse weist d'Informatiounen op der Handfläch wéi zum Beispill d'Wieder, oder eng Steierung fir d'Musek.
D'Gerät vun Humane ass also Sproochassisstent, Musekplayer an Telefon an engem. Esou kann dësen zum Beispill direkt iwwersetze wann een an enger friemer Sprooch ugeschwat gëtt. Praktesch fir all Vakanz an e Land wou een d'Sprooch net beherrscht.
D'Kamera um Gerät déngt als Aa. Weist een dem Gerät e Buch kann dëst et online bestellen. Oder wann ee Liewensmëttel virun d'Kamera hellt kann een Infos dozou erhalen, zum Beispill wéi vill Proteinne dës enthalen.
De Pin kann dann och mat Kopfhörer fir ze telefonéiere gekoppelt ginn.
D'Privatsphäre soll dann och garantéiert sinn, well d'Cyber-Brosch net déi ganzen Zäit nolauschtert, wéi Alexa a co wëll et keen Aktivéierungswuert gëtt. Mee et muss een dësen untippen fir datt en nolauschtert.
Donneschdes de 16 November soll een den AI Pin kafe kënnen, awer just an den USA. D'Tech Revolutioun kascht 699 Dollar. Fir d'Notzung vun enger Telefonsnummer an enger Cloud muss een nach en Abo vu 24 Dollar pro Mount bezuelen.
Wéini an ob den AI Pin och bei eis kënnt ass nach net gewosst.