
© Pexels
Wee Loscht op eng nei Frisur huet, de sollt eppes vu Micro Bangs héieren hunn:
Eng nei Frisur soll hier an dofir brauch een eben ëmmer rëm nei Inspiratioun. Curtain Bangs si beispillsweis en aktuelle Frisurentrend. Wann d'Chienne zimmlech laang ass a mat engem mëttelste Scheet getrennt gëtt. Mee wéi entsteet sou en Trend iwwerhaapt? Niewent de Klassiker wéi bei der Berliner a London Fashion Week ass d'Social Media Plattform Pinterest en Indicateur fir nei Trends.
No Pinterest sichen ëmmer méi UserInnen no Micro Bangs. Also Chiennen, déi relativ kuerz geschnidde ginn a wäit iwwert den Aperhoer ophalen. An tatsächlech soll déi Frisur dëst Joer richteg gefrot sinn. Am meeschte souguer a Kombinatioun mat engem Bob.
Schonn am Film "Die fabelhafte Welt der Amélie" aus dem Joer 2001 ass de kuerze French-Bob a Kombinatioun mat enger kuerzer Chienne op d'Kinosleinwand komm. Méi rezent huet een en och an der Netflixserie "Das Damengambit" gesinn.
D'Frisur funktionéiert awer net nëmmen mat kuerzen Hoer. Iwwert déi lescht Joren huet Beyoncé bewisen, dass Micro Bangs och mat laang gewellten Hoer gutt ausgesinn. Ob d'Hoerlängt kennt et also net un, mee wiem steet d'Frisur da besonnesch gutt?
Charakteristesch fir déi kuerz Chienne ass, dass circa d'Hallschent vun der Stier frei muss sinn. Besonnesch gutt steet se also Leit, déi e ronnt oder Häerzförmegt Gesiicht hunn. Doduerch kommen dann d'Wangenknochen zur Geltung. Eigentlech gëllt, wat d'Chienne méi kuerz ass, wat d’Gesiichtszich méi zur Geltung kommen.
Pinterest huet et eis profezeit, d'Micro Bangs sinn dëst Joer DE Frisurentrend. Lo musse mir eis da just nach trauen.
xx, Mira