Bootcut, Baggy oder Straight Leg? Wat ass äre Favorit?

Trommelwirbeeeel fir déi neisten Jeanstrends. Fir mech muss eng Jeans bequeem sinn, soss dinn ech se net un. Ech sinn nämlech eigentlech en absolutte Leggings Fan, einfach nëmmen aus dem Grond, dass ech mech net anenge wëll, doduerch mäi Bauch déi ganzen Zäit anzéien a schlecht Ootmen. Also mir hale fest, eng Jeans muss et schonn an sech hunn, fir dass ech se gären undinn. An dat ass hei de Fall. Se ass am Moment mäin absoluten Highlight am Kleederschaf. An dass ech dat eng kéier vun enger Jeansbox soen, hätt ech och net gemengt.

D'Bootcut Jeans. Wéi sou zimmlech ëmmer ass et en alen Trend de rëm in ginn ass. D'Boxen hunn nämlech ënnen e weite Schnatt a ginn uewe rëm méi enk. Am léifsten dann High Waisted, fir dass se och méi bequeem ass. An dat ass meng tatsächlech. Ween dobäi dann nach héisch Sneaker oder Boots undeet, de wierkt feminin a lässeg. D'Skinny Jeans verléiert hei ëmmer méi u Bedeitung. Virun allem wann ech iech lo nach soen, wéie Stil och zréck ass.

D'Baggy Jeans. Déi an de 90er Joren haaptsächlech vu Männer gedroe gouf an dono net gutt ugesinn war, feiert hire Come-back. Wonnert mech awer net, weit Kleeder si jo schliisslech an de leschte Joren Haptbestandeel vum Kleederschaf ginn. D'Baggy Jeans ass vun uewe bis ënnen einfach nëmme weit. U Volumen net méi ze toppen an dat souwuel fir Männer, wéi och fir Fraen.

Wiem dat awer ze vill ass, de fënnt seng perfekten Jeans villäicht beim Straigh Leg Cut. Déi ass riicht an iwwerall nämmlecht weit. Sou dass de Stoff, wéi de Numm et scho steet, straight erof fält.

Ob Bootcut, Baggy oder Straight Leg, eppes ass ganz ganz wichteg. Wann är Box stremmt, da kaaft iech ouni schlecht Gewëssen eng Nummer méi grouss. Et ass eng Jeans Box, wann déi net gemittlech setzt, da gëtt se ebe gemittlech gemaach.

Lauschtert hei d'Eldotrends!

xx, Mira