Wa Lametta an de Hoer de neie Festival Look gëtt!

De gréisste Beauty Hype vum Joer sollen d'Hair Tinsel sinn. Perfekt fir Feieren, oder Gebuertsdeeg. Bekannt gouf den Trend natierlech duerch Tik Tok an de Sozialen Netzwierker. Hair Tinsel gëtt och nach Fairy Hair genannt an ass amfong näischt aneres wéi Lametta an den Hoer.
Dofir braucht dir awer d'Chreschtdeko net aus dem Keller ze huelen. Fir den Hair Tinsel Trend nozemaache geet et duer vereenzelt Glitzerfiedem ze hunn. Déi kritt dir am Internet ze kafen oder dir kroomt wierklech de Lametta aus de Këschte raus.

Fir den Trend ëmzesetze braucht dir also eng Hoersträhn  an e Lamettafuedem. Den diebelt dir eng kéier an der Mëtt, dass dir e klenge Bou an der Hand haalt. Ronderëm de Bou wéckelt dir är Hoer an zitt se duerch de Rondel. Doduerch entsteet e Knuet. Déi Prozedur widderhuelt dir bis dir zum Schluss e richtege Schlapp maache kennt. Domat hutt dir dann äre Lamettafuedem ronderëm eng ganz Hoersträhn gewéckelt an et wierkt, wéi wann dir wierklech Glitzerfiedem an den Hoer hätt.

Am beschten ass et awer, dir frot een den iech hëlleft. Da klappt dat däitlech méi liicht. Et fënnt een och e ganze Koup Videoen online, déi ee Schrëtt fir Schrëtt begleeden.

Ween awer keng Loscht op d'Lametta Fiedem huet an et e bësse méi einfach ëmsetze well, de kann dat ganzt och mat Glitzerpudder oder Glitzerspray maachen. Dofir huelt dir eng eenzel Hoersträhn, gitt de Glitzer drop a fixéiert dat ganz einfach mat Hoerspray. Et ass déi perfekt Frisur fir all Party a virun allem fir den Optakt vun der Festival Saison.

Lauschtert hei d'Eldotrends!

xx, Mira