Den Denim Look, Cargoboxen a Liederjacketten. Wat ass dëst Fréijoer alles am Trend? 

D'Fréijoer kennt sou lues awer sécher bei eis un an dat heescht, dass de Kleederschaf rëm gewiesselt ka ginn. Déi däischter Kleeder ginn aussortéiert an déi faarweg aus de Këschte gepaakt. Woubäi dat dëst Joer e bëssen aneschters ausgesäit.
Schwaarz wäert nämlech eng Faarf sinn, déi een dëse Summer méi dacks gesäit. Eng gutt Nouvelle fir all déi Leit, déi souwisou keng Faarwen undoe wëllen.

Denim wäert a bleift all Joers present sinn. Och am Summer fënnt sech rëm eng nei Interpretatioun vum Jeans Look an dat als Jackett, Hiem oder Box. Haaptsaach Oversized a souguer als onesie.

Scho mol eppes vun Tailoring héieren? Nodeems mir an deene leeschte Joren duerch d’Pandemie a méi e relaxe Look iwwergaange sinn, komme lo mam Tailoring Look méi enk Schnëtter zréck, déi d'Silhouette betoune sollen. Mat Blazeren a Kostümer gëtt dat ganz méi schick ëmgesat. De Look funktionéiert souwuel am Alldag wéi och op Partyen a kann am Summer mat grelle Faarwe gedroe ginn.

Cargoboxen kommen dëst Fréijoer zréck. Déi weit Schnëtter si bequeem a mat hire groussen Täsche fënnt een och ëmmer genuch Platz, déi wichtegst Saachen ze verstauen. Uewe kënnt dir iech da souwuel lässeg wéi och schick undoen. Eng Cargo Box mat enger seide Blus? Kléngt komesch, ass awer elo en Trend.

Fir mech en absolutte Must have ass eng Liederjackett an déi wäert och dëst Joer rëm am Trend sinn. A Kombinatioun mat Jeans oder och Juppen a Räck wierkt d'Liederjackett lässeg an ass ëmmer e perfekte Begleeder, wann Temperaturen heiansdo awer nach méi frësch sinn.

Lauschtert hei d'Trends!

xx, Mira