
© Pexels
Dir wollt schonn ëmmer eng kéier sou ausgesinn, wéi d'Figuren aus de Märercher? Mat de Fairytale Waves ass dat lo méiglech:
D'Trend Frisur fir d'Fréijoer sinn net d'Beach Waves - schliisslech ass de Summer awer nach net ganz do - mee d'Fairytale Waves.
Domat laude mir da sou lues a lues déi waarm Joreszäit an a bereeden eis op e Look vir, den eis vu Mier, Waasser a Sonn dreeme léisst. D'Fairytale Waves sollen un e romantesche Look erënneren, den ee virun allem bei Protagonistinnen a Märercher gesäit. De gréissten Ënnerscheed zu de Beach waves ass, dass de Look net grad sou well, mee éischter méi schlicht ausgesäit. Dobäi bleift vill Raum fir ënnerschiddlech Interpretatiounen.
Ob d'Hoer nach zousätzlech getrëtzt ginn, op de Säiten no uewe fest gemaach ginn oder villäicht souguer ganz an engem Wutz gedroe ginn, bleift iech iwwerlooss.
Mee wéi kréie mir de Look da lo selwer ëmgesat?
Nom Hoer wäsche muss een e bësse Spray an d'Hoer ginn, den ärer Frisur eng gewëssen Textur soll ginn. Dat kniet dir da mat ären Hänn an. Wichteg ass elo, dass dir är Hoer dresche föönt an da réischt mat engem Glätteise schafft. Domat musst dir grouss Krauselen an d'Hoer andréien, mol eng kéier den ee Wee, dann den anere Wee, fir dass eng onreegelméisseg Well entsteet. Ween sech extra vill Méi well maachen, de ka mat zwee ënnerschiddleche Gréisste vu Glätteise schaffen, fir nach méi en natierlech Look ze kreéieren. Ganz zum Schluss lockert dir d'Krausele liicht mat ären Hänn op an hutt domat Wellen an ären Hoer, déi net ze staark an awer present sinn.
xx, Mira