D'Moud fir de Summer setzt bei de Sonnebrëller staark Akzenter: 

Sot mir wannechgelift dass ech net dat eenzegt sinn, dat sech all Joers rëm e neie Sonnebrëll kafe kéint. Ech sinn einfach verréckt dono, schliisslech huet een am Summer jo och bal e ganzen Dag de Brëll op der Nues.

Dëst Joer am Trend ass d'Cat-Eye Form. Et ass een ale Klassiker, den een awer ëmmer rëm gesäit an dat well se dem Gesicht einfach schéi Konture gëtt an u Kazenaen erënnert.

Och in sinn déi eckeg Brëller. Ob extra grouss oder kleng a schmuel, d’quadratesch Glieser suerge fir e markante Look a passe virun allem Leit mat ronne Gesiichtsformen.

Meng Liblingsform ass a bleift den XL-Sonnebrëll. En ass perfekt bei maxi Kleeder oder wann et no mir géif goen, fir sou zimmlech alles. Haaptsaach grouss. Wann een eng héisch Stier huet, sou wéi ech, da sinn d’Brëller en absolutte must have.

Dëst Joer wäert een och e ganze Koup Neon Brëller gesinn. Grell Faarwe sëtzen déi passen Akzenter bei der faarweger Summermout. Wat méi grell wat besser.

Zu gudder Lescht komme mir méi Sonnebrëller mat enger ronner Form. Déi si virun allem fir Leit ideal, déi e kantegt Gesicht hunn. Bei déi ronn Form passe virun allem dezent Faarwe wéi schwaarz oder brong.
Egal fir wéie Brëll dir iech entscheet, wann et no mengem Motto geet, da kéint een der ni genuch hunn.

Passt just ob, dass dir e Brëll mat héichwäertege Glieser kaaft, fir dass dir och de richtegen UV Schutz kritt an är Ae virun der Sonn geschützt ginn.

Lauschtert hei de ganzen Trend!

xx, Mira