
© Pexels
Wann d'Barbie eng Moudikon gëtt
Schonn eng Kéier eppes vu Barbiecore héieren? Dat ass e Fashion Trend den elo virun allem an Amerika viral gaangen ass an och hei am Land opdauche wäert. Dobäi dréint sech alles em e pinke Look, den un d'Barbie erënnert.
De Barbie Film mam Margot Robbie, den am Summer an de Kino kënnt, huet dat ganzt an d'Rulle bruecht. De Look setzt dir mat pinke Kleeder mat pinke Schong, enger Plastik Posch an engem all over Pink look em.
Ugefaangen huet den Trend awer schonn d'lescht Joer mat der Valentino Fashion Show. Dono huet een en bei de Grammys, der Met Gala an um Coachella gesinn. Och d‘Kloe Kardashian huet eng Gebuertsdagsparty mam Barbiecore Motto gefeiert. Mee wat ass de Sënn hannert dem Trend?
Zanterdeem d'Barbie Popp 1959 erfonnt ginn ass, ass de Barbie Look ëmmer rëm e Virbild an der Moud gewiescht. Fir d'éischt loung de Fokus op den dënne Poppen an hire laange Been, déi als Ideal an der Fashion Welt gesi goufen. Mëttlerweil ginn et och Barbie Poppen, déi méi realistesch ausgesinn. Klenger, grousser, mat Formen a mat ënnerschiddlechen Hautfaarwen, mat enger Protese an engem Hörapparat. Dat nämmlecht gëllt iwwregens och fir de Ken, de männleche Partner vun der Barbie. Och hie krut en Upgrade a koum mat Vitilgo, enger Hautkrankheet mat wäisse Flecken op de Marché. D'Barbiepopp brécht mat de Stereotyppen a setzt e Statement am Feminismus.
De Fashion Trend huet een an de leschte Joren och ëmmer rëm bei der Sängerin Nicki Minaj gesinn an dierft eis lo an dësem Joer verstäerkt begleeden.
Et heescht also Pink, Plastik an nach emol Pink. An dat fir jiddereen.
xx, Mira