Eng Boule Glace wannechgelift, mee wéi eng sinn am Trend?

Eent ass sécher, de Summer ass fir d'Glacen do. Wann et no mir géif goen, dann dierft ee vum Abrëll bis Oktober all Dag eng Glace iessen. An och do fënnt een all Joers op e neits ënnerschiddlech Trends.

Dat Vegant Sortiment gëtt ëmmer méi grouss an dozou gehéiere scho laang net méi nëmme Sorbeten, déi souwisou vegan sinn. Mat veganer Mëllech fënnt een elo e ganze Koup Kreatiounen, déi eigentlech net vegan waren, elo awer vegan ëmgesat ginn. Klengen Tipp, wann dir iergendwou eng vegan Schockelas Glace gesitt, huelt déi, déi besteet nämlech da quasi just aus Schockela an ass vill besser wéi déi normal Schockelas Glace.

D'Trend Glace 2023 kéint eng Äerdbier Schampes Glace ginn. Dat huet d'Uniteis - d'Unioun vun den italieenesche Glacefabrikateuren - virausgesot. Generell si Glace mat Alkohol am Trend. Op mat Gin oder soug

Lauschtert hei d'Eldotrends!

uer Beiersglacen, si gehéiere beim verrückten Eismacher vu München zu de beléifste Glacesorten.

Beléift wäerte bei waarmen Temperaturen och rëm d'Sorbet Glace sinn. Kreatioune mat Hielenner, Pissblummen oder Infusioune mat Bléie gehéieren zu den Trend Glacen an dësem Joer.

De Favorit ënnert de Glace ass a bleift awer d'Vanill Glace. Déi huet sech iwwert Joren als déi beléifste Glace qualifizéiert a bleift sech och an dësem Joer trei. Wat ass är Liblingsglace?

Meng Standartbestellung a mengem Liblingsglacebuttek ass Zitroun mat Cheescake an eng Boule Florentiner. Dat ganzt natierlech am Cornet, wéi och soss.

xx, Mira