
© Pexels
Punkten, Blummen oder Friichten, wat ass äre Favorit?
Mir dierfen endlech all eis Mailloten a Bikinien aus de Këschte kromen an eis op de Summer virbereeden. Bei de Männer ass d'Fro, wéi eng nei Schwammbox een sech dann dëse Summer kafe soll warscheinlech net sou grouss, dofir bei de Fraen ëmsou méi. All Joer gesi mir nei Highlights op de Plagen.
Déi heiten Trends wäerten iech an dësem Summer begéinen: 3D Blummen. Net nëmmen op Räck a Juppe fënnt een se, och op Bikinie gesäit een ëmmer méi Blummen, déi net als Print mee tatsächlech als 3D Blumm drop gebitzt ginn. Besonnesch schéin ass de Blumme Look bei ganz wäisse Bikinien.
E weideren Trend wäerte Bikinie mat engem Stoff sinn de glënnert. Dobäi gesäit ee virun allem Bikinien an enger Faarf mat engem metallesche Glanz. Do glitzert dann net nëmmen är Haut, mee och nach äre Bikini.
En Trend den een och schonn am leschte Joer gesinn huet si Bikinie mat ville Schnoueren. Sou ganz verstinn ech et awer net wéi een et hikréie soll an engem Bikini mat Schoueren um Bauch duerch d'Sonn ze lafen ouni dono e wierklech komeschen Ofdrock ze hunn. Wéi gesäit dat dann aus, wann een dono e Kräiz op der Broscht huet oder e Krees em de Bauch? Sexy mam Bikini, net wierklech Sexy mam Ofdrock.
Wat awer mäi Go kritt sinn Neckholder-Bikinien. Déi bréngen är Schëlleren dofir ëmsou méi zur Geltung an et kann een de Bikini jo wiesselen, wann een och do keen Ofdrock riskéiere well.
2023 steet och fir verspillte Muster. Op Punkten, Blummen oder Friichten. D'Muster däerf roueg léif ausgesinn. Och mat Putsch, Rüschen oder Spëtzt kennt dir dëst Joer iwwerzeegen.
xx, Mira