Sidd dir prett fir an d'Vakanz? Lo stellt sech just nach d'Fro: Wouhin?  

Des Woch an den Trends d'Thema Reesen. Wat de Summer méi no kënnt, wat och eis Loscht fir ze reesen ëmmer méi present gëtt. Mee wat sinn iwwerhaapt top Reesdestinatiounen an dësem Joer?

Ween d'Suen huet, fir de geet et op d'Malediven. Op 26 Insele fannt dir wäisse Sand, Palmen an Türkisbloot Waasser. Perfekt fir ze schnorchelen, fir d'Flitterwochen oder eng erhuelsam Vakanz zu zwee. Gutt, dat kléngt super, kann ech mir awer net leeschten. Also séier weider bei déi nächst Destinatioun.

2023 ass den Trend net wierklech Ëmweltbewosst. Et geet nämlech fir vill Leit no laanger Pandemie Paus rëm méi weit fort. Namibia, USA, Mexiko an Thailand. Dat sinn d'Klassiker ënnert de Vakanzen an dëst Joer ëmsou méi beléift. Och Neiséiland, Jordanien a Botswana gehéieren zu Destinatiounen, déi sech jiddereen op seng Bucket Lescht schreiwen dierft. Klengen Tipp: Wann dir är Rees weit am viraus plangt an net an deenen typesche Summerméint fort wëllt, da kennen och deier Reesziler gutt an de Portmonni passen.

Mäi perséinlecht Highlight dëst Joer wäert awer e Roadtrip duerch Italien ginn. Länner wéi Frankräich, Italien, Spuenien a Portugal hunn sou vill ze bidden. Do lount et sech einfach sech en Auto ze lounen a puer ënnerschiddlech Zieler hannertenee vun der Lescht ze sträichen. Pasta, Pastel de Nata oder Macarrons. Si mir mol éierlech, wie mengt dass ech just fir déi schéi Landschaft an Italien reesen, de kennt mech nach net sou gutt wéi geduecht. Plangt är Rees net nëmmen no de Monumenter, déi dir wëllt gesinn. Léiert d'Kultur kennen a setzt iech bei Eenheemescher un den Dësch. Sou leiert een d'Land bekanntlech am beschte kennen.

Egal wou et iech dëst Joer hin zitt, ech wënschen iech lo scho vill Sonn a Freed beim plangen.

xx, Mira

Lauschtert hei d'Eldotrends!