Wien eppes lounen wëll dee soll alles virun der Remise des Clés dokumentéieren.

Sief et fir d'Uni an engem aneren Land, oder privat. Wien eppes lounen wëll dee soll onbedéngt virun der Remise des clés den Objet kucken an alles dokumentéieren. Mécht een dat net kann et scho mol virkommen dass een e puer béis Iwwerraschungen kritt. Hei kann et ënner Ëmstänn sinn dass dir Saachen verrechent kritt déi scho futti waren ier dir erageplënnert sidd. Wéi een dat ka maachen a wien engem dobäi hëllefe kann kënnt der hei lauschteren.

Wunne mat Habiter.lu